High ProteinLow CalorieHandgemacht zu Lëtzebuerg

Gesond, lecker Fingerfood & Buffeten fir deng Feier

Kleng Catering fir Gebuertsdag, Owend mat Frënn oder Team‑Event – mat Léift preparéiert, räich u Proteinnen a liicht un Kalorien.

High‑Protein Fingerfood Platter
Signature Platter — High‑Protein Selection

Wat maache mir?

Gesond & Léif preparéiert

Ech bidden kleng Buffeten a Fingerfood fir däin Event un – Gebuertsdag, Owend mat Frënn oder och eng gemittlech Feier. All Geriicht ass räich u Proteinnen an niddereg u Kalorien, sou dass s du deng Gäscht mat guddem Gewëssen bewirte kanns.

Wou kënnt d’Iddi hier?

Meng Passioun fir Sport a gesond Ernärung huet mech dozou bruecht, fir Frënn a Famill nei Rezepter auszeprobéieren. Duerch hire Feedback ass lues a lues eng kleng Menü‑Lëscht entstanen, déi ech elo mat aneren deele wëll.

Wat kriss du?

  • High‑Protein & Low‑Calorie Partyfood
  • Kleng Menü‑Kaart fir verschidde Persounenzuelen
  • Handgemaach mat vill Léift an Opmierksamkeet

Firwat ech?

Ech sinn d’Lea, 19 Joer aal, Studentin a passionéiert Sportlerin. Nieft mengem Studium ass d’Kachen a Baken mäin Ausgläich, an ech freeë mech, mäi Catering elo och aner Leit zu Lëtzebuerg unzebidden.



Kontakt & Ufro

Schéck mir wgl. e puer Detailer – ech mellen mech sou séier wéi méiglech.

Portrait vu Lea

Duerch d'Ofschécken erkläers du dech averstane, dass ech deng Donnéeë fir d'Beaarbechtung vun der Ufro benotzen.

Preferéiers du Instagram? Schreif mir eng DM: @leasproteincatering